24 stonnen Dribbel Marathon duerch d'Land
19 August 2021
Special Olympics Lëtzebuerg, d’Sportorganisatioun fir Mënschen mat geeschteger a mehrfacher Behënnerung, organiséiert den 10. an 11. September en Dribbel mat engem Basketball duerch d’Land bei dem d'Sportler vu Special Olympics Lëtzebuerg mat engem Basketball en Tour duerch d'lëtzebuerger Land dribbelen fir op Inclusioun am Sport opmierksam ze maachen!
Kommt kucken a maacht mat!
Nëmmen zesummen erreeche mer Inclusioun am Sport!