E flotten Sonndeg mat den Pétanque Frënn Altwies
Pétanque Frënn Altwies & Special Olympics Luxembourg Photo par Rocky, Sophie
20 July 2022
De 17.Juli haten de Rocky an seng Pétanque Frënn Altwies, Athleten vun Special Olympics an d'Bocce Trainer, op eng kleng Bocce a Pétanque Competitioun invitéiert.
Ausser engem gudde Maufel stoungen Spill a Spaass um ordre du jour an souguer de bloen Himmel an d'Sonn waren um RendezVous. Den Här Buergermeeschter Steve Reckel huet sech gefreet des flott Initiative vum Rocky a sengen Frënn a Kooperatioun mat SOL kennen ze ënnerstëtzen an huet alle Sportler a Spectateuren e flotten Dag gewënscht.