Pentathlon - Coque - 10/7/2021


30 June 2021

No laange Méint am Confinement an ouni Competitiounen organiséiert Special Olympics Lëtzebuerg fir all Sportler ee sportleche Challenge, Samschdes den 10. Juli 2021 am Gymnase vun der COQUE oder als Alternativ virtuell bei sech doheem.

Kuerz virun der Summervakanz proposéiere mir onse Sportler ee Pentathlon, also ee Fënnefkampf mat 5 verschiddenen Übungen. Jiddereen dee matmecht kritt säin Diplome mat enger klenger Iwwerraschung duerno heem geschéckt (aus santitäre Grënn gëtt et den Dag selwer keng Medaillenzeremonie).

Falls dir Iech nach als Sportler oder als Bénévol fir ze hëllefe wëllt umellen, da mellt Iech gär iwwer info@specialolympics.lu