Relais pour la Vie 2022 - SOL war och dobäi
eis Sportler um RDV um Laftreff zu Ettelbrëck
30 March 2022
Hei dee flotte Bilan vun eiser Participatioun um Relais pour la Vie 2022
Ageschriwen waren 19 Leefer, ee grousse RV war um Laftreff Samschdes zu Ettelbréck.
Am Ganzen waren eis Leit 64:43 Stonnen ënnerwee (lafen, goen, Vëlo fueren)
dat waren iwwer 20 Stonnen méi ewéi 2021.Dobäi goufen 434 Kilometer zeréckgeluecht
an et gouf donieft och nach fläisseg fir d'Fondation Cancer gesammelt, am ganzen 869 Euro
E groussen BRAVO un all déi déi matgemaach hunn !