Special Olympics Luxembourg goes COSL Spillfest


25 May 2021

Wéinst der aktueller Situatioun konnt de Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois (COSL) leider net op déi traditionell Manéier säi „COSL Spillfest – Sport a Spill fir d’ganz Famill“ organiséieren. Dofir ass dëst Joer eng online Editioun a Form vun engem Parcours mat Videoen geplangt ginn. Tëschent dem 21/05 an dem 21/06 kommen ëmmer Mëttwochs a Samschdes nei Videoen online mat flotten Exercicer a Spiller di dir doheem kënnt nomaachen. Hei fannt dir méi Informatiounen: Spillfest – BIENVENUE AU COSL SPILLFEST 2021

Fir Special Olympics Lëtzebuerg waren d'Romy an d'Carmen am Asaz. Hei ass de Link fir den Atelier vu Special Olympics Lëtzebuerg Special Olympics – Spillfest: kënnt dir dat och esou gutt wéi si zwee?